
Seniors 2
Dudelange 2 - CHEV 2 . 33 - 19
Haut den Owend war zu Stroossen an der Maison des Sports d'Auslousung vun den 1/2 Finallen vun der Coupe de Luxembourg.
Bei den Dammen sin ët den 8. März Partien Miersch - CHEV
an Diddeléng - Péiténg.
Bei den Häeren sin ët den 7. März Partien Bierchem - Bascharage
an Esch - Diddeléng.
An den 1/2 Finallen vun der Coupe de Luxembourg Jeunes sin eis U17 Jongen an Méedercher nach dobäi. Eis U17 Jongen mussen op Esch an eis U17 Méedercher spillen hei héem géint Grevenmacher.
Schon virum Ufank vum Championnat hun sëch bei den Hommes Réserves
2 Equippen zréckgezunn. Daat sin Schëffléng 2 an Esch 3.
Daat bréngt mat sëch, datt eis 2. Equipp Häeren direkt an der 1/4 Final vun der
Coupe de Luxembourg steet. Dësen Màtch fällt elo aus, well nët méi genug
Equippen do sin fir eng 1/8 Final ze spillen!
Ab dem 17. September spillt den HBC Bascharage all séng Mätcher
an hierer neier Sportshâl. Déi nei Sportshâl läit bal vis-à-vis vum
Centre Sportif op Acker, beim Fussballsterrain.
