CHEV - NEWS

Trainingsufank Häeren & U19

Nodeems eis Dammen schon fläisseg mam Training amgaangen sin, ass ët dann elo och den offiziellen Start vun eisen Häeren.

Déi letzt Wochen stoung déi individuell Préparatioun um Programm an en Samsdeg, 11. August um 10.00 ass dann den Optakt um Stadion, fir déi nei Saison zesummen ze préparéieren.

Men's 18 EHF Championship 2018

Vum 10. - 19. August ass déi lëtzebuerger U18 Nationaléquipe zu Tiflis an Georgien beim Men's 18 EHF Championship 2018 am Asaatz. Vum CHEV ass den Mett Krack mat dobäi.

Am Grupp A spillen si géint Estland, Färöer Inselen, Litauen, Mazedonien an d'Schwäiz. Den éischten Mätch géint d'Färöer Inselen konnten si mat 32 - 26 gewannen an sin gudd an den Tournoi gestart. An dësem Mätch konnt den Mett och 2 Goaler schéissen.

Am 2. Mätch géint Mazedonien hun si gudd gekämpft! An der Paus stoung ët 14 - 14 gläich. An der 2. Halschend war Mazedonien dann awer ë bëssen ze staark an den Mätch gët 25 - 31 verluer.

Den 3. Mätch géint Schwäiz war ganz enk. An der Paus war eis Equipe mat 2 Goaler hannen (10 - 12). 2. Halschent hun si gudd gekämpft an konnten souguer mat 2 Goaler an Véierung goën. Duerch ze vill kleng Fehler hun si dann zum Schluss den Mätch ganz knapps mat 25 - 26 verluer.

Den 4. Mätch spillen si um Dënsdig, 14. August um 13.00 Auer géint Estland.

All Informationen mat Tabell an mat den Mätcher ass ze fannen op www.2018tbilisi.com. Den Live-Stream vun den Mätcher ass ze fannen ënnert www.ehftv.com.

Op deem selwischten Tournoi sin och eis international Arbitterkoppel, Philippe Linster an den Alain Rauchs am Asaatz.

Mir wënschen hinnen alleguerten vill Erfolleg.

Al Dikkrich 2018

Den Comité vum CHEV Handball seet all sengen Spiller(innen); Memberen, Elteren an Frënn, déi op Al Dikkrich matgehollef hun, een groussen MERCI.

Duerch Ären Asaatz ass Al Dikkrich 2018 nees een groussen Erfolleg gin, an daat obschon mir dëst Joër dës Manifestatioun hun mussten alleng stemmen.